EcoHouse : Ökologesch Konstruktioun Lëtzebuerg - Haiser Clé en Main, Ubauten an nohalteg Renovatiouns
IWWERT EIS
Wëllkomm bei EcoHouse, Äre Vertrauenspartner fir de Bau vun Haiser clé en main, Ubauten, Dachausbauten, souwuel tradionell wéi och am Holz. Zesumme mat eisem Partner Charpente Therres engagéiere mir eis fir d'Kreatioun vu nohaltegen, ökologeschen an op Mooss ausgeschaffte Liewensraim, déi Äre Wënsch entspriechen.
Mir gleewen un d'Wichtigkeet vun enger Konstruktioun an Harmonie mat der Ëmwelt. Eis Haiser am Holzbau bidden eng respektvoll Alternativ fir d’Co2 Emissioun ze reduzéiren an eng aussergewéinlech Liewensqualitéit ze bidden.
Ganz egal ob Dir Äert Dramhaus baue wëllt, eng Erweiderung vun Ärer aktueller Wunneng oder äre Liewensraum verännere wëllt, eis qualifizéiert Equipe begleet Iech vun Ufank un. Vun der Gestaltung bis zum Ëmsetzen si mir do, fir e Resultat ze garantéieren, dat Ären Erwaardungen entsprécht.
Duerch eis Erfarung an eis Kompetenz si mir houfreg op eise Ruff an eist Engagement fir d'Zefriddenheet vun eisen Clienten ze garantéiren. All Projet ass eenzegaarteg a mir verpflichten eis, Iech e personaliséierte Service an eng gutt Bauqualitéit ze bidden.
Informéiert Iech op eisem Internetsite an zéckt net fir eis ze kontaktéiere fir Äre Bauprojet konkret ze maachen.